Den interaktiven Erliefniswee „De Ris geet op d’Rees“

E kreative Ris-Parcours duerch d’Gemeng, dee laangfristeg erlieft ka ginn.
Kommt a begleet de Ris op senger Rees!
Mir kucke ganz genee op déi Plazen an der Beetebuerger Gemeng, wouhinner de Lucien Czuga an den Andy Genen de Ris am Comic op seng Rees schécken. D’Zil ass et, dës Rees an der Realitéit nozezeechnen an et esou de Lieser z’erméiglechen, säi Parcours „live“ z’erliewen.
Besicht ons zu Beetebuerg, erlieft dem Ris seng Rees an entdeckt verschidde Konschtwierker déi relevant Zeenen aus dem Comic opgräifen an an der Gemeng Beetebuerg an déi reell Welt iwwerdroe ginn.

Accessibiliteit

De Wee ass och mat engem Vëlo, enger Kannerkutsch oder engem Rollstull befuerbar.
Sollt et zu Ëmleedungen oder anere Beanträchtegunge kommen, fannt dir dës Informatiounen op dëser Plaz !

Hei op der Kaart gesidd dir de Wee vum Ris a senger Frëndin, dem Papagei Lori, duerch Beetebuerg.

En raison d’un chantier au niveau du pont Hammerel et de ses environs, des déviations ont été mises en place autour du Parc Jacquinot et de la Gare de Bettembourg.
Prière de suivre la signalisation.

  • De klengen Tour vum Wee ass 6,7 km laang.
  • De groussen Tour ass 9,7 km laang a bitt zousätzlech en Ausflug an d’Naturreservat „Stréissel“.
  • Den offiziellen Départ ass um Fussballsterrain nieft dem Parc Merveilleux.

Gitt einfach de Schëlder mat der Risemutz oder dem Zeechen „BB1“ no. Si weisen iech de Wee.

Wei kommt dir dohin?

  • Mam Bus: Linn 550 (Haltestell: Parc Merveilleux)
    Méi Infoen op: mobiliteit.lu
  • Mat der gratis Navette vun der Beetebuerger Gare aus (ëmmer sonndes an op Feierdeeg; während der Saison vum Märchepark vun Enn Mäerz bis Ufank Oktober)
    Méi Infoen op: parc-merveilleux.lu
  • Zu Fouss: Vun der Beetebuerger Gare aus sinn et 2,2 km bis bei den Depart; dat ass en Trëppelwee vu ronn enger hallwer Stonn.

Hei an der Galerie fannt dir och e puer flott Impressiounen an Andreck.

Mir freeën eis op iech ! ☺

Wat dir um Parcours gesitt

“De Ris vu Beetebuerg”

Dem Ris säi Lidd

Wousst dir schonns datt de Ris säin eegent Lidd kritt huet?
Op um Erliefniswee mat Frënn oder doheem als Karaoke, sang mat eis!

Aus der Fieder vum Al Ginter invitéiert de Ris iech matzesangen.
Ee richtegen Ouerewuerm ☺

De Beetebuerger Comic mat dem greissten Held vu Letzebuerg

Text: Lucien Czuga
Zeechnungen: Andy Genen

Jidderee kennt wuel de bekanntesten Awunner vu Beetebuerg.
Hien ass bal 10 Meter grouss a wunnt am Märchepark.
Jo, genee, et ass de Ris. De Koloss mat der rouder Mutz, de laange, bronge Stiwwelen, dem hellbloe Pullover an der karéierter Box. Hien ass d‘Wahrzeechen vum  „Parc Merveilleux“, deen 1955 opgaangen ass.
Ronderëm dëse markante Personnage ass de neie Comic „De Ris geet op d’Rees“ entstanen, am Kader vun “ESCH2022 – Europäesch Kulturhaaptstad”, no enger Iddi vun der Asbl  “Les Trésors de la BD”. D‘Storyboard gouf am Virfeld mat den Awunner vun der Gemeng entwéckelt.

De Comic ass an dräi Sproochen (LU, FR, EN) am Commerce disponibel, souwéi am Parc Merveilleux an an der sozialer Librairie „de Bicherkueb“, rue de la Gare, Beetebuerg.

De Ris an d’Lori als Marionette

Instruktiounen

  1. D’Bild doheem erausprinten – am Beschten op e bësse méi décke Pabeier
  2. Déi verschidde Partie vum Ris ausmolen
  3. Op de gestréchelte Punktlinnen ausschneiden
  4. D’Gelenker resp. d’Punkten openeeleeën a mat Musterklamere verbannen